Als passionéierte Méckefëscher hun ech mech virun
etlechen Joer an déi faszinéierend Welt vun de Bambusaangelen
verléift. 1995 hun ech mech mat der Theorie vum Bambusstaangebauen
beschäftegt. Ee Joer méi spéit hun ech meng éischt
Bambusstaang gebaut. Zënterhier huet dëse Virus mech infizéiert. 5 Joer dono hun ech em déi 70 Staange gebaut an hu Selbstvertraue
genuch vir de Leit ze weise wat ech kann.
Wat mir bei menger Aarbecht wichteg ass, ass déi perséinlech
Berodung an d‘Zefriddenheet vum Client. Ech produzéieren
am klenge Stil a probéieren dem Eenzelen seng Wënsch ze
erfëllen.
Kuckt Iech um Site em an zeckt net fir mech ze kontaktéieren.