Meng Staange entstinn zu 100% au Handaarbecht. Fir eng
Staang ze bauen brauch ech je no Modell 40-60 Stonnen. Zenter 2005 hun ech mai neien Atelier.
De Bambus get vun Hand gespléckt,
geriicht, gehuwelt
a geleimt.
D'Wécklungen vun
de Réng an d'Lackéierung gët och vun Hand gemaach.
Ech verwenden eng Seid a verschiddene Faarwen, dei beim Lackéieren
e liicht duerchsichtegen Aspekt kréien. All Wécklung
kritt minimum 7 Lackschichten.
D'Schlaangeréng an d'Spetzeréng gin am Atelier aus 0,6 mm Chromiumdroot produzéiert. 9 Schlaangeréng plus 1 Spetzeréng wéien nemme 0,9 gramm.
D'Hülsen maachen ech
zenter enger kurzer Zait och selwer. Ech haat d'Chance am März
2002 iwert eng Annonce am 'Plaisirs de la Pêche' de Robert Brimbaut,
en Bijoutier vu Sedan, kennen ze léieren. Virun 40 Joer huet
heen d'Hülsen vu sengen Pezon & Michel Staangen
mat engem Piston-System emmodeléiert.
De System besteet doranner dass beim Aneneestiechen e Piston di 2
Hülsendeeler sou mateneen
verbënnt, dat se sech weder vedréinen, nach erausrutschen
kënnen. D'Metall vun den Hülsen besteet aus Maillechort,
genee wéi déi vun Pezon & Michel.
Niewend desen Hülsen montéieren ech d'Staangen och mat
konventionnellen Nickel-Selwer Hülsen.
E wichtegen Aspekt bei der Fabrikatioun vun enger Staang sin dei
individuell Wënsch vum Client, wei z.B. d'Faarw vun de Wécklungen
oder d'Holzart vum Moulinetshalter.
Och a Punkto Längt an Aktioun kann ech fir de Client kleng Modifikatioune
virhuelen.